Il y a ... 65 ans
Letzeburger Sport 18.06.1945
Rapport iwer d’Setzung vum Comité provisoire vum 10. Juni, um 10 Auer, am Siège social, Café des Casemates, Letzeburg.
Présents: de’ HH. Schleich, Bausch, Jeblick, Frick a Bidinger.
Congress. - Et get décide’ert é Congress ofzehalen, eso’ bal ewe’ d’Eisebunn erem Sonndes gét. Bis dohinn sollen eis Cluppen, de’ dat nach net gemach hun, sech réorganise’eren an eis hir Comite’en an hir Adressen bekanntmâchen, ânerefalls si net können convoque’ert ginn. Et get drop opmierksam gemâch, dass all Delege’erten um Congress muss am Besetz vun enger Touristekârt vun der FSCL sinn. All Verein muss we’negstens 20 Touristekârten lësen. De Preis ass op 5.- Frang pro Kârt festgesât.
D’Cotisatio’nen fir d’Cluppen gi fir det Joer op 50 Frang gesât; fir d’Velodromen op 250 Frang; den Entrée fir nei Cluppen get och op 50 Frang festgesât.
Journal consulté au Département ministériel des sports.