Cyclo-cross: le règlement et les prix de la saison 1949/50
Comité technique vum 04.10.1949
Betr. Cyclo-Cross-Saison 1949-1950:
Den Début vun der Cyclo-Cross-Saison get op den 1. Dezember festgesat.
Bis zum 15. Januar 1950 sin d’Crossen fir eis Amateurs an Débutants nuren ”national” autorise’ert,
si derfen bis zu dém Datum net mat de Profien oder Indépendants zesummen un den Départ goen. Ab 15. Januar können sie mat den Profis, Indépendants an den ausländeschen Coureuren starten.
D’Preisser gi folgendermossen festgesat: Débutants an Amateurs: minimum 2000 Fr., minimum 10 Preisser bei folgender Opdélong: 400, 300, 250, 200, 200, 200, 150, 100, 100, 100 Fr. All aner Catégories (an och gölteg ab 15.1.50 zesummen mat den Débutants an Amateurs); minimum 4000 Fr.; minimum 15 Preisser mat folgender Opdélong: 800, 600, 500, 400, 300, 200,200, 200, 150, 150, 5 x 100 Fr.
(Journal consulté au Département ministériel des sports)