Un grand Monsieur nous a quitté

D’Lëtzebuerger Vëlosfederatioun (F.S.C.L.) huet déi traureg Pflicht, den Doud vum Här Lull GILLEN , Champion Cycliste an Präsident vum Comité vun der FSCL fir den Bau vum Velodrome “, matzedeelen.

Mir wärten de Lull an gudder Erennerung haalen.

Der Famill drecke mär eist häerzlechst Bäileed aus.

 

E klengen historique

Gebuer den 7.Oktober 1928, ass de Lull Gillen mat just 19 Joer schons Profi um Vëlo ginn. Hien ass 6 Deeg-Courssen a ganz Europa an Amerika, Kanada an Australien gefuer. De Lull ass mat Leit wéi Ockers, van Steenbergen, Coppi, Schulte, Kilian, Nielsen, Altig an Terruzzi, déi deene meeschte Vëlosfuerer e Begrëff sinn, zesumme gefuer.

1945 war hien Zweeten op der Weltmeeschterschaft bei den Amateuren an der Vitesse.
1947 3 Sëlwermedaile bei der Studente-WM.
1949 hanner dem Fausto Coppi 2ten op der WM vun de Profien – 5km Poursuite.
1953 eng Etapp am Tour de Luxembourg gewonn.
1955 den Tour de l’Oise gewonn.
1955 Weltrekord iwwer 5km op der Piste mat 6’19’’2.
De Lull ass 123 6-Deeg-Coursse gefuer, dovun huet hien 11 Stéck gewonnen. Hien ass 20 Mol Zweeten an 24 Mol Drëtte ginn

«Fév. 2012»
LuMaMeJeVeSaDi
303112345
6789101112
13141516171819
20212223242526
2728291234

Aussi dans les archives:

Meilleur Jeune

Le weekend de Ben Gastauer

Les jeunes

Course annulée

Cross de Differdange