Nathalie Lamborelle informe
Ab Januar 2010 fueren ech fir dei italienesch Equip “Selle Italia - Ghezzi”. No 3 flotten an erfollegraichen Joren an Eisterreich (2007-2008 Team UNIQA, 2009 Team UNIQA-ELK) get et Zait fir eng nei sportlech Erausfuerderung. Des Equip as eng vun de Beschten an Italien an hun schon Victoiren gefeiert bei Weltcup’en, Giro d’Italia a vill aner international Coursen. De Kontakt as entstan am Laaf vun deser Saison an huet no enger 6. Etappeplatz am Tour du Grand Montréal, enger 8. Platz op der U23 EM an enger 8. Platz um Weltcup zu Nürnberg zum Kontrakt gefouert.
Fir mech as et demno e weideren Schratt a menger sportlecher Carriere.
Donieft schleissen ech am Mee main Bachelor am Sport zu Nanzeg of.
Nach am alen Trikot fänken ech meng Crosssaison den 22. November zu Bieles un. De weidere Programm:
22.11 Belvaux 29.11 Cessange 13.12 Deutschlandcup Homburg 27.12 Rumelange 03.01 Alzingen 10.01 Nationale Meisterschaft (Alzingen)